Am Dezember 2013 huet de Piusverband en neit Buch mat enger Sammlung vu Chrëschtlidder eräusgin. Doran si Lidder vu lëtzebuerger Komponisten, mee och international bekannt Titelen, déi hei mat lëtzebuergeschem Text ze fanne sin. D’Chorale vu Steebrécken huet sech bei der Auswiel op Lidder mat lëtzebuergeschem Text festgeluegt, déi op hirem neien CD „Chrëschtdag heiheem“ ze fanne sin. All Titelen si 4-stëmmeg vum Chouer a-cappella opgeholl gin, an se goufen noträglech vum Claude Zeimes um Keyboard orchestréiert.
Den CD kascht 12 €, wann e geschéckt soll gin, dann iwerweist 15 € op de Kont vun der Chorale:
CCP: LU 03 1111 2117 3884 0000
Musikalesch Chrěschtveillée

Cick op eng Nummer fir een klengen Ausschnett ze lauschteren
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22
Created by Paul Corti