Chorale Ste Cecile - Steebrecken-Biergem-Wickreng

D'Claudette Zeimes, eis Dirigentin, schreift zanter 2005 Ikonen. Si huet Coursen besicht zu Lëtzebuerg, an Däitschland a bei eingem italieneschen Ikone-meeschter. Mëttlerweil huet si méi wéi 300 Biller gemoolt. Vun denen sin der ongeféier 200 verschenkt oder verkaaft.
Ikonen sin di reliéis Biller äus der orthodoxer chrëschtlecher Kierch. Si gin zanter méi wi 1000 Joer ëmmer nees vun deenen ale Originalen ofgeschriwen. Gemoolt gett op eng Holztafel, den hannergrond ass mat 24-Karat Bladgold vergold, an d'Faarwe si Pigmenter a Pudderform, déi mat Eegiel, Waasser an Esseg ugeréiert gin. Dës Technik nennt een "Eitempera" a schon ganz fréi (800 no Christus) goufen d'Ikonen an deer Technik geschriwen.
D'Claudette gëtt och an der Tëschenzäit selwer Coursen, wou jidfereen eng eegen Ikon no enger aler Virlag moolt. Des Coursen sin z.B virun der Faaschtenzäit bei de Franziskanerinnen um Belair, oder an der Gemeng Beetebuerg. De Cours dauert 10 Séance laang, vu jeweils 2,5 Stonnen. Um Enn vum Cours gin d'Ikonen och geseent.

 

 

 

 

Created 12/4/2011 by Paul Corti
Rate this Content 1 Votes