Chorale Ste Cecile - Steebrecken-Biergem-Wickreng

EIS PROUWEN

 

Mir prouwen all Denschdeg-Owend an der Kierch zu Steebrécken an och Dir sidd häerzlech wëllkomm fir bei eis matzemaachen.
Mir sangen all Weekend d´Mass, gestalten Hochzäitsmassen och ausserhalb vun der Par a sange en neie Concert .
Am Laf vum Joer organiséiere mir fir eis Memberen en Cäcilieniessen, e Beaujolais-owend, en Ausflug, a weider geselleg Owender bei deenen och de Partner wëllkomm ass.
 

 


 

 

Created 10/19/2011
Rate this Content 0 Votes

Chorale Ste-Cécile Steebrécken-Biergem-Wickreng

 

D’Chorale Ste-Cécile vu Steebrécken-Biergem-Wickreng gouf den 19. Dezember 1954 duerch e Grupp Männer, déi vum Chouergesank a vum Theater begeeschtert waren, am Paschtoueschhaus gegrënnt.

President vum  éischte Comité war den Här Charles Schintgen. Den Här Willy Miggy huet d’Leedung vum Chouer als Dirigent iwwerholl.

Am Joer 1958  beschléisst d’Generalversammlung aus dem renge Männerchouer eng gemëschte Chorale ze maachen.

1970 schléisst de Veräi sech dem Piusverband un. Zwee Joer drop gëtt souguer e Kannerchouer an d’Liewe geruff.

Während dem ganze Joer 1985 feiert de Chouer säin 30. Anniversaire mat enger Rei Massen a Concerten. Dat Joer duerno gouf dunn eng Ahlborn-Uergel ugeschaaft.

Zenter November 1988 bis Juni 2011 stong d’Chorale ënnert der Direktioun vun der Madame Claudette Zeimes-Wagener.

Eng wichteg Etapp an der Geschicht vum Veräi war ouni Zweiwel d’Renovéierung vun der Kierch verbonne mat dem 150 Anniversaire vun der Par Steebrécken an de Joeren 1997/1998. Am Kader vun dëse Feierlechkeete sengt eise Chouer zesumme mat der Monnerecher Musek e Concert mat Gospels, deen op engem CD mam Titel „ Spirit of Gospel“ festgehal gëtt.

No dem Léon Kaufmann  an dem Camille Medinger iwwerhëlt de John Zeimes  an der Generalversammlung d’Presidentschaft vum Veräin.

Déi wichtegst Aktivitéit am Joer 2002 ass d’Opnam vun engem flotte Chrëscht-CD.

2004/2005 feiert d’Chorale hire 50. Anniversaire mat enger flotter Festbrochure an engem groussartege Gesanksprogramm. Am Kader vun dësem Jubiläum ass et vir un allem d’Opféierung vum Concert „Blagoslowi Gospodi“, engem Concert a-capella mat russescher sakraler Musek, deen duerno nach fënnefmol op anere Plaze virgedroe gëtt a fir d’lescht de 05. Dezember 2008 souguer an der Philharmonie zu Lëtzebuerg als Nationale Concert vum Piusverband.

Als Ofschloss vun de Festivitéite sengt eise Chouer den 18.12.2005 ënnert der Leedung vum Marco Battistella den Oratorium „Israël Schalom“ vum Klaus Heizmann. Béid Concerte ginn op engem CD opgeholl.

An deem Joer feiert d’Par an d’Chorale zesummen den Abschid vum eisem sympathesche Paschtouer, dem Här Leo Wagener.

De 14 November 2009 hate mer e Concert  an der Sportshal zu Steebrécken mat Gospels a Spirituals ënnert dem Titel „Rock my Soul!“ Dëse  Concert gouf am Laf vum Joer 2010 nach zu Fëlschdref, zu Bouneweg, zu Trënteng an zu Elleng opgefouert.

Den 13 Februar 2011 hu mer d’Radiosmass an der Zitha gesong.  No 23 Joer

Aktivitéit mat vill Asaz a Kënnen, iwwerdréit eis laangjäreg Dirigentin d’Claudette Zeimes während engem Concert-Souvenir den 09 Juli 2011 an dem fonkelneie Centre Culturel “Beim Nëssert” zu Biergem, der Madame Noémie Desquiotz-Sunnen d’Direktioun vum Chouer.

 

Déi regelméisseg Aktivitéite vun eiser Chorale sinn: Prouwen, Sonndesmassen, Hochzäitsmassen a Läichendéngschter zu Steebrécken a Biergem. Aner gesanglech Optrëtter si groussaarteg Concerten a extra Massen heiheem an heiansdo auswäerts.

Am Moment zielt eise Chouer 22 Sängerinnen a 15 Sänger, déi sech all Dënschdes owes um halwer aacht an der Kierch zu Steebrécken zesumme fannen, fir e variéierte Repertoire vu sakrale ma och profane Gesanksstécker anzeprouwen.

Dammen an Hären, déi sech fir de Chouergesank interesséieren a sech vun eisem Veräin ugesprach fillen, sinn allzäit häerzlech wëllkomm an eise Reien.

De Comité besteet momentan aus 9 Membere mat un der Spëtzt  den Här John Zeimes als President an dat schonns iwwert 13 Joer. Vum  07.06.2011 un, steet eis Chorale  elo ënnert der Direktioun vun der Madame Noémie Sunnen.

 

Déi offiziell Kontaktadresse vun eiser  Chorale ass:

          Claudette Zeimes                   
zeimesjo@gmail.com
8 rue de l'Eglise
3341 Huncherange
Tel : +352 517149
     Compte vun der Chorale bei der Poste:  LU 03 1111 2117 3834 0000 
      Compte vun der Chorale bei der BGL:    LU 91 0030 2486 3558 0000

 

 

Created 1/16/2012
Modified 6/5/2013