Chorale Ste Cecile - Steebrecken-Biergem

Gudden Owend léif Memberen,

Ech hoffen Iech geet et all gutt an et ass nach keen vum berühmten Virus beaflosst.

Wéi jiddereen feststellen konnt, huet d'Situatioun sech nach net verbessert zënter den leschten Deeg, net emol stabiliséiert an d’gëtt vun Dag zu Dag schlechter. Mat onser Generalversammlung sinn mer nach esou just dofun komm, awer bis ob weideres sinn all Aktivitéiten agefruer an mir können hoffen dat et net ze vill schlemm get.

Denkt och drun, wa mir eis dee Moment net kénne oder dierfen gesinn, mir sinn a bleiwen eng "grouss Famill"! Also probéiert mat allen anere Moyenen déi mir hunn mateneen a Kontakt ze bleiwen.

Och wann net jiddereen där Meenung ass, ass et awer kloer datt wann Dir eng Chance wëllt hunn desen Kampf ze gewannen, mussen mir all d'Reegelen an Entscheedungen vun onser Regierung befollegen an probéieren ons selwer sou gutt wéi méiglech ze schützen an domat och déi aner, an dest och aus Respekt vis a vis allen, och wann et net emmer einfach ass.

Ons Altersmoyenne an onser Chorale leit bei 70,2 Joer, d’Zuel vun onsen Memberen déi net zu den vulnérabelen Persounen ziehlen passen grad mol op eng Hand.

Et ass gudd ze wëssen datt anerer sech och Suergen iwwer onst Wuelbefannen maachen, fir déi Memberen déi sech net trauen hier Kommissionen selwer ze maachen ass et wichteg ze wessen dat fun den Fnel esou en service ugepueden gëtt: Tel.. 27400469 oder ba@fnel.lu

Losse mer frou sinn wann erem alles säin normalen Wee geet an zur Kenntnis huelen wéi gutt et eis bis elo gang ass.

Mir loossen ons net enner kréien, matt klorem Menschenverstand ass dat do ze packen.

 

De President

Created 3/18/2020 by Paul Corti